
D’COJELLICOS’S JANGEN
Konzert für unsere Mitglieder am Sonntag, den 30.11.2025 um 16.00 Uhr im Vic. Abens Saal
d’Cojellico’s Jangen
Raymond Majerus, Arend Herold, Georges Urwald – Tenouer
Carlo Migy, Paul Lallemand – Bass
Christophe Nanquette – Klawéier
D’Cojellico’s Jangen, dat si sechs befrënnte Museker, déi sech zesumme gestallt hunn, fir am Kader vum Spektakel ‚Schlüpferesch – en Hommage un déi Wëll Zwanzeger Joren’ am Mäerz 2011 am Stued Theater zu Gréiwemaacher original Arrangementer vun de Comedian Harmonists ze interpretéieren: Mein kleiner grüner Kaktus, Veronika der Lentz ist da, Das ist die Liebe der Matrosen … an de Cojellico’s Jang!
De groussen Erfolleg, och vum Cojellico’s Jang, de Spaass an d’Freed waren d’Ausléiser fir den Ensemble an d’Musek weider ze entwéckelen. Am léiwste mat Lëtzebuerger Stëmmungslidder a ‚Schlager’, nei arrangéiert fir de Quintett a säi Pianist. Esou zesoen am Stil vun de Comedian Harmonists. Usprochsvoll, stëmmungsvoll an zougänglech zugläich.