VEINER MUSIK
Fréijoorsconcert, den 24. März 2024 um 17 Auer am Vic. Abens-Sall
1848 gegrënnt, an domatt bal den eelste Musiksveréin ous Lëtzebuerg, hott di Veiner Musik en laang Traditiunn als musikalischen Anbassadeur vuan aener Uertschaft, wu Musik a Musikanten well ëmmer en gruss Roll gespillt honn.
Well geschwënn 175 Jor laang ass di Veiner Musik zousteenig fir de musikalischen Encadrement vuan alle wëltlichen a kierchliche Fester.
Di instrumental Uropféierung vuan der Nationalhymn a Präsenz vuam Michel Lentz a vuam Antoine Zinnen 1865, de Ständchen fir de Victor Hugo 1871, de musikalischen Encadrement béi de Staatsvisiten vuan der eenglischer an der holleenischer Kinnigin, d’Daf vuan em Fliger op de Nom „Château de Vianden“ sen nëmme por vuan den historischen Optrëtter an der Geschicht vuam Veréin. Mee och Processiunnen, gruss a klän Concerten, Veréinsjubiläen, Concoursen a.v.m. gehieren well zanter ëmmer zum feste Joresprogramm.
Ganz engagiert Presidenten an Dirigenten honn et ëmmer rem fierdig broocht, datt di Veiner Musikanten – scheinbar zanter jeher matt Musik am Blout – hiert Talent matt grusser Begäästerung an Engagement fir de Veréin agesat honn.
Heit spillen di ~40 Musikanten ënnert der Leedung vuam Dirigent Marcel Richards, a fräeën sich, Eech hiere Fréijoorsconcert am wonnerschinne Kader vuam Schlooss kënnen ze präsentieren.
Reservatiounen: (+352) 83 41 08-1 / caisse@castle-vianden.lu
Praisser:
Memberen vun den Amis du Château: GRATIS
Entrée vum Schlass