
Chorale Municipale „LYRA“ Ettelbréck
Konzert am Sonntag, den 28. Januar 2024 um 17.00 Uhr
Den Ettelbrécker Männerchouer LYRA ass am Joer 1911 gegrënnt ginn an huet sech duerch seng gesanglech an aner kulturell Aktivitéiten ee gudde Numm am gesellschaftlechen an am kulturelle Liewen vun eisem Land gemaach.
Sou wéi all Veräin huet och d’Ettelbrécker LYRA Héichten an Déiften erliewt an huet sech am Laf vun de Joren duerch Frëndschaft a Kollegialitéit, duerch Engagement an Idealismus vun all eenzelnem Member zu engem unerkannten Männerchouer entwéckelt. Dës Eegeschaften a Wäerter ginn och haut nach ëmmer héichgehalen a maachen e groussen Deel vun der LYRA hirer Stäerkt aus.
Eng aktiv Veräinsféierung huet et ëmmer erëm fäerdeg bruecht dem Chouer nei Impulser ze ginn an och kompetent Dirigenten ze verflichten.
De Marion Michels huet de Chouer 1997 iwwerholl an ass lo scho méi wéi 25 Joer Dirigent vun der LYRA. Sie zwee si mëttlerweil zu enger staarker a fester Eenheet zesummegewues.
No 113 Joer huet den Ettelbréck Männerchouer nach näischt u sengem Reiz verluer a mat engem dynameschen Comité, engem engagéierten Dirigent an motivéierte Sänger wäert déi „Grande Dame“ LYRA sech och weiderhin nach mat ville Concerten an der kultureller Zeen weisen.