MUSICDAYS VIANDEN 2026 – Kinnekskannerschoul
Sunday 8/11 | 9:30 & 11:15 | Château |
Ee Musekspektakel fir Kanner am Alter vu 6–11 Joer.
Eng speziell Invitatioun vir d’Kanner aus dem Vollek :
Hir Kinneklech Altess, d’Prinzessin Jacquetta vu Lëtzebuerg, huet d’Éier, Iech häerzlech an d’Veianer Schlass anzelueden.
« Als Prinzessin bereeden ech mech op mäi Bestietnes vir, an op eng Rees an England oder Frankräich, wou ech geschwë mäin neit Liewen ufänke wäert. Do virdru gëllt et awer nach e puer Saachen ze léieren a wichteg Froen ze klären: Wat muss ech als Prinzessin am 15. Joerhonnert alles kënnen? Wat dierf ech selwer decidéieren? A wéi gesäit d’Zukunft fir Kanner an Kinnekskanner aus? » An enger Rei vu sechs musikalesche Lektiounen, begleet vun hirer Schlass-Band Kammerata, an zumools mat ärer Hëllef, léif Kanner aus der Zukunft, wëll d’Jacquetta dëser Saach op de Grond goen, fir datt si prett ass fir de Sprong an d’Liewen.
Dir sidd also héiflechst invitéiert op dëse besonnesche musikalesche Rendez-vous.
Kommt pünktlech, gutt gelaunt a mellt iech un !
Museker & Artisten
CATHERINE KONTZ, Musek
SL GRANGE, Geschicht an Text
MILLA TRAUSCH, Erzielerin
SANDRINE CANTOREGGI, Gei
JEANNOT SANAVIA, Kontrabass
ROMAN ZAREMBA, Trompett
SIMONE WEBER, Bassklarinett
BERTI BÖHM, Perkussioun
Information & tickets:
Tickets
Exclusivement sur: https://www.musicdays.lu/tickets
Informations
www.musicdays.lu
info@castle-vianden.lu
tél : 83 41 08 1
With the support of: EWA Fiduciaire S.A., Islek ouni Grenzen, Hotel Petry
Coproduction: Les Amis du Château de Vianden, Administration communale de Vianden, Fabrique d’Église de Vianden, Kammerata Luxembourg.






